
Bei den Hären ass d’Course iwwer ronn 184 Kilometer ronderëm Siena an Italie gaangen. Scho fréi gouf et eng duerch e Wandstouss ausgeléiste gréisser Chute, an déi ënner anerem Favoritte wéi de Weltmeeschter Julian Alaphilippe, den Tadej Pogacar an den Alejandro Valverde verwéckelt waren.
Eng gutt hallef Stonn no der Chute konnten si dunn awer nees zum Peloton opschléissen an och de Spëtzegrupp, dee sech scho fréi ofgesat hat, gouf séier ageholl. Knapps 50 Kilometer virun der Arrivée konnt den Tadej Pogacar sech dunn duerch eng staark Attack vum Peloton ofsetzen, just de jonke Carlos Rodriguez ass ronn 15 Sekonnen hannendru bliwwen.
Wéi nach ronn 25 Kilometer ze fuere waren, gouf de Spuenier awer ageholl. De Pogacar hat iwwerdeems tëschenzäitlech eng Avance vu méi wéi annerhallwer Minutt op de Peloton an et war schwéier virstellbar, dass hien d’Victoire nach géif aus der Hand ginn. De Kasper Asgreen huet dunn nach probéiert, un de Slowen un der Spëtzt erunzekommen, ma méi no wéi 50 Sekonnen ass den Dän awer net komm. Ronn 10 Kilometer viru Schluss war et den 41 Joer alen Alejandro Valverde, deen zum Asgreen opschléisse konnt, ma och zu zwee konnte si dem Pogacar net méi geféierlech ginn.
Dee gewënnt domat no bal 5 Stonnen däitlech déi 16. Editioun vun der Strade Bianche virum Alejandro Valverde an dem Kasper Asgreen.
D’Top 10 bei den Hären1 POGACAR Tadej UAE Team Emirates 4:47:49
2 VALVERDE Alejandro Movistar Team +0:37
3 ASGREEN Kaspar Quick-Step Alpha Vinyl Team +0:46
4 VALTER Attila Groupama - FDJ +1:07
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious +1:09
6 NARVAEZ Jhonatan INEOS Grenadiers +1:09
7 SIMMONS Quinn Trek - Segafredo +1:21
8 WELLENS Tim Lotto Soudal +1:25
9 PETILLI Simone Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux +1:35
10 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe +1:53
Bei den Dammen ass et iwwerdeems iwwer ronn 136 Kilometer ronderëm Siena gaangen. Hei konnt déi belsch Championne Lotte Kopecky sech um Enn no knapps 4 Stonnen duerchsetzen, dat no engem taktesch clevere Sprint géint d’Annemiek van Vleuten. D’Hollännerin muss sech doduerch mat der zweeter Plaz zefridde ginn. De Podium gëtt komplettéiert vun enger Co-équipière vum Kopecky, der Südafrikanerin Ashleigh Moolman, dat mat engem Retard vun 10 Sekonnen.
D’Top 10 bei den Dammen1 KOPECKY Lotte Team SD Worx 3:59:14
2 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
3 MOOLMAN Ashleigh Team SD Worx +0:10
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing +0:19
5 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope +0:24
6 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing +0:28
7 VOS Marianne Team Jumbo-Visma +0:29
8 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo ,,
9 VAN ANROOIJ Shirin Trek - Segafredo +0:34
10 PERSICO Silvia Valcar - Travel & Service ,,