Tirreno-Adriatico: 4. EtappTadej Pogacar wënnt Etapp an iwwerhëlt Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
Op der 4. Etapp vun Tirreno-Adriatico goung et iwwer 202 Kilometer vu Cascata delle Marmore op Bellante.
© AFP

Um Enn hunn d’Coureuren zu Bellante nach eemol eng kleng Montée missen eropfuere bis op d’Arrivée an do konnt sech den Tadej Pogacar mat 2 Sekonnen Avance virum Jonas Vingegaard an dem Victor Lafay duerchsetzen. De Bob Jungels koum op déi 27. Plaz mat engem Retard vu 25 Sekonnen.

Duerch d’Bonifikatiounen iwwerhëlt de Pogacar dann och d’Féierung am General. Hei huet de Slowen e Virsprong vun 9 Sekonnen op de Remco Evenepoel a vun 21 Sekonnen op de Filippo Ganna. Hei ass de Bob Jungels den 20. op 1 Minutt an 21 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:02
3 LAFAY Victor Cofidis ,,
4 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
5 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 0:05
6 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
7 MAS Enric Movistar Team ,,
8 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe ,,
9 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
10 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates
2 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:09
3 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 0:21
4 ARENSMAN Thymen Team DSM 0:36
5 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 0:43
6 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:45
7 LÓPEZ Miguel Ángel Astana Qazaqstan Team 0:50
8 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:56
9 PORTE Richie INEOS Grenadiers 1:02
10 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 1:04

Back to Top
CIM LOGO