Tour de France - 17. EtappTadej Pogacar wënnt uewen um Col du Portet

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch stoung eng schwéier Biergetapp an de Pyrenäen um Programm, et goung iwwer 178,4 Kilometer vu Muret op Saint-Lary-Soulan.

Dat mat Arrivée uewen um Col du Portet, engem Bierg vun der Hors Catégorie. Virdru stounge mam Col de Peyresourde an dem Col de Val Louron-Azet nach zwee weider Bierger vun der éischter Kategorie um Programm.

Ufanks der Etapp hate sech mam Lukas Pöstlberger (Bora-Hansgrohe), Danny van Poppel (Intermarché-Wanty Gobert), Dorian Godon (AG2R-Citroën), Anthony Pérez (Cofidis), Anthony Turgis (TotalEnergies) a Maxime Chevalier 6 Coureuren duerch d’Bascht gemaach.

Am Col de Peyresourde ass dunn och d’Lutte ëm den Trikot vum beschte Biergfuerer ugaangen, do hunn nämlech Quintana a Poels zesummen attackéiert. Och de Pierre Latour hat et probéiert. All Attacken awer ouni Succès.

Vir un der Spëtzt konnt sech an der Schlussmontée den Anthony Perez eleng ofsetzen. An hei ass och de Peloton ëmmer méi kleng ginn. 8,4 Kilometer virun der Arrivée gouf de Perez du vum Grupp Maillot Jaune ageholl.

Du koum d’Attack vum Tadej Pogacar an do konnte just nach de Jonas Vingegaard an de Richard Carapaz matgoen. Um Enn konnt sech dunn uewenaus um Sommet och de Pogacar d’Etappevictoire sécheren.

Am General ass hien domat weiderhin a Giel, dat mat 5 Minutten an 39 Sekonnen Avance op de Vingegaard a 5 Minutten an 43 Sekonnen op de Carapaz.

Tour de France - 17. Etapp
Tadej Pogacar wënnt uewen um Col du Portet a baut Féierung am General weider aus.

D’Top 10 vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates
2 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 0:03
3 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:04
4 GAUDU David Groupama - FDJ 1:19
5 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 1:26
6 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 1:40
7 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 1:44
8 HIGUITA Sergio EF Education - Nippo 1:49
9 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo ,,
10 TEUNS Dylan Bahrain - Victorious ,,

D’Top 10 vum General

1 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates
2 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 5:39
3 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 5:43
4 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 7:17
5 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 7:34
6 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 8:06
7 MAS Enric Movistar Team 9:48
8 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 10:04
9 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 11:51
10 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 12:53

Quiz

Back to Top
CIM LOGO