
Am General stounge virun der leschter Etapp um Sonndeg de Mëtteg zwee Coureure mat der selwechter Zäit un der Spëtzt, zumindest si si am General als zäitgläich klasséiert ginn. Den Jai Hindley vu Sunweb ass mat engem minimale Virsprong vun 0,86 Sekonnen op den Tao Geoghegan Hart vu Ineos an de Contre-la-Montre gaangen. Op 15,7 km ass et vu Cernusco sul Naviglio op Mailand gaangen.
Bei der Tëschenzäit bei 10,3 km louch den Tao Geoghegan Hart 20 Sekonne virum Jai Hindley. Am Schlussklassement hat den Australier dunn e Retard vun 39 Sekonne Réckstand op den Giro-d’Italia-Gewënner vun 2020, den Tao Geoghegan Hart. Op déi 3. Plaz am General kënnt den Hollänner Wilco Kelderman (Sunweb).
D’Etapp huet de Filippo Ganna gewonnen, 32 Sekonne virum Victor Campenaerts.
1 GANNA Filippo (ITA) INEOS GRENADIERS 0:17:16,55
2 CAMPENAERTS Victor (BEL) NTT PRO CYCLING 0:00:31,53
3 DENNIS Rohan (AUS) INEOS GRENADIERS 0:00:32,32
4 ALMEIDA João (POR) DECEUNINCK - QUICK - STEP 0:00:40,73
5 SCOTSON Miles (AUS) GROUPAMA - FDJ 0:00:41,12
6 ČERNÝ Josef (CZE) CCC TEAM 0:00:43,89
7 HAGA Chad (USA) TEAM SUNWEB 0:00:44,35
8 MCNULTY Brandon (USA) UAE TEAM EMIRATES 0:00:46,02
9 GRADEK Kamil (POL) CCC TEAM 0:00:46,51
10 TRATNIK Jan (SLO) BAHRAIN - MCLAREN 0:00:47,13