
Fir den amerikanesche Cycliste Tejay van Garderen ass den Tour de France 2019 eriwwer. Bei senger schwéierer Chute e Freideg 7 Kilometer nom Start, huet sech den Amerikaner déi lenks Hand gebrach.
D’Chute war meng Schold, ech ka kengem aneren d’Schold dofir ginn, dat sot den Tejay van Garderen, deen e Freideg trotz der Blessur d’Etapp op en Enn gefuer war.
Den US-Amerikaner sollt an den Alpen an de Pyrenäen wichteg Aarbecht fir de Kapitän vun EF Education First Rigoberto Uran maachen, dorausser gëtt elo näischt.
