Cyclocross-WMThomas Pidcock wënnt souverän Gold bei der Elite

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend war op der Cyclocross-WM an den USA och nach d'Course bei der Elite vun den Hären.
© AFP (Archiv)

Iwwerdeems déi éischt 3 Tier d’Coureuren nach gréisstendeels all beienee waren, huet de Vanthourenhout am 4. Tour als éischte Coureur eemol richteg acceleréiert. D’Attack vum Belsch sollt awer no hanne lassgoen, well do war et den Thomas Pidcock, deen direkt gekontert huet an e Lach op d’Konkurrenz opgemaach huet.

De Coureur aus Groussbritannien sollt da bis zum Schluss och net méi ageholl ginn a wënnt d’Course souverän virum Lars van der Haar aus Holland an dem Eli Iserbyt aus der Belsch.

Back to Top
CIM LOGO