Benelux Tour: 1. EtappTim Merlier gewënnt am Sprint

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Jempy Drucker klasséiert sech als 101. mat engem Retard vun enger Minutt an 51 Sekonnen.
© RTL (Archiv)

Op der 1. vu 7. Etappe vum Benelux Tour ass et e Méindeg iwwer flaach 169.6 Kilometer vu Surhuisterveen op Dokkum gaangen.

Gewonne gouf dës Etapp am Sprint vum Belsch Tim Merlier virum Däitsche Phil Bauhaus an dem Kolumbianer Alvaro José Hodeg.

Leader am General ass den Tim Merlier, deen duerch Bonifikatiounen eng Avance vu 4 Sekonnen op den 2. Phil Bauhaus huet. 3. ass den Alvaro José Hodeg op 6 Sekonnen.

De Jempy Drucker fiert als 101. mat engem Retard vun enger Minutt an 51 Sekonnen iwwert d’Arrivée. Am General ass de Lëtzebuerger den 101. op 2 Minutten an enger Sekonn.

D’Top 10

1 MERLIER Tim Alpecin-Fenix 50 50 3:32:20
2 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
3 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step ,,
4 GAVIRIA Fernando UAE-Team Emirates ,,
5 VAN POPPEL Danny Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
6 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
7 WALSCHEID Max Team Qhubeka NextHash ,,
8 ANIOŁKOWSKI Stanisław Bingoal Pauwels Sauces WB ,,
9 TEUNISSEN Mike Team Jumbo-Visma ,,
10 LAPORTE Christophe Cofidis, Solutions Crédits ,,
...
101 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits 1:51

De General

1 MERLIER Tim Alpecin-Fenix 3:32:10
2 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious 0:04
3 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step 0:06
4 TEUNISSEN Mike Team Jumbo-Visma ,,
5 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious ,,
6 BENOOT Tiesj Team DSM 0:07
7 PÖSTLBERGER Lukas BORA - hansgrohe ,,
8 COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious 0:08
9 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step ,,
10 GAVIRIA Fernando UAE-Team Emirates 0:10
...
101 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits 2:01

Back to Top
CIM LOGO