Vuelta: 1. EtappTitelverdeedeger Roglic fiert am Zäitfueren an de roude Maillot

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet mat der Vuelta de leschte groussen Tour fir dëst Joer am Vëlossport ugefaangen.
© AFP

De Primoz Roglic ass deen éischte Mann am rouden Trikot bei der Vuelta 2021. Den Titelverdeedeger aus Slowenien huet e Samschdeg den Owend dat usprochsvollt Zäitfueren iwwer 7,1 Kilometer zu Burgos an 8 Minutten an 32 Sekonne gewonnen an huet domadder direkt um éischten Dag d’Féierung am General iwwerholl.

Den Alex Aranburu aus Spuenien hat als Zweeten ee Retard vu 6 Sekonnen. De Slowen Jan Tratnik ass den Drëtten op 8 Sekonne ginn.

Mam Kevin Geniets an Alex Kirsch sinn dëst Joer och zwee Lëtzebuerger bei der Vuelta mat dobäi. De Lëtzebuerger Champion huet als 41. 26 Sekonne verluer. Den Alex Kirsch ass den 110. op 46 Sekonne ginn.

D’Resultat vun der Etapp

1 PRIMOŽ ROGLIČ 1 JUMBO - VISMA 00h 08' 32'’
2 ALEX ARANBURU DEBA 32 ASTANA - PREMIER TECH 00h 08' 38'’ + 00h 00' 06'’
3 JAN TRATNIK 48 BAHRAIN VICTORIOUS 00h 08' 40'’ + 00h 00' 08'’
4 TOM SCULLY 108 EF EDUCATION - NIPPO 00h 08' 42'’ + 00h 00' 10'’
5 JOSEF ČERNÝ 93 DECEUNINCK - QUICK - STEP 00h 08' 42'’ + 00h 00' 10'’
6 DYLAN VAN BAARLE 137 INEOS GRENADIERS 00h 08' 43'’ + 00h 00' 11'’
7 ANDREA BAGIOLI 92 DECEUNINCK - QUICK - STEP 00h 08' 44'’ + 00h 00' 12'’
8 G LAWSON CRADDOCK 105 EF EDUCATION - NIPPO 00h 08' 45'’ + 00h 00' 13'’
9 MICHAEL MATTHEWS 181 TEAM BIKEEXCHANGE 00h 08' 46'’ + 00h 00' 14'’
10 ALEKSANDR VLASOV 31 ASTANA - PREMIER TECH 00h 08' 46'’ + 00h 00' 14'’
...
41 KÉVIN GENIETS 122 GROUPAMA - FDJ 00h 08' 58'’ + 00h 00' 26'’
110 ALEX KIRSCH 214 TREK - SEGAFREDO 00h 09' 18'’ + 00h 00' 46'’

Back to Top
CIM LOGO