
Déi lescht Etapp goung iwwer flaach 112 Kilometer ronderëm Granada. Wéi erwaart, koum et zu engem Massesprint, wou den Norweger Tobias Johannessen déi séierst Been hat a virum Alessandro Romele an dem Ramses Debruyne gewonnen huet. De Matthew Brennan, dee scho fënnef Etappe bei dëser Vuelta fir sech entscheede konnt, gouf "just" Véierten.
De Mats Wenzel gouf op der leschter Etapp den 117. mat 1:49 Réckstand op de Gewënner. Hien ass mam Schlussgewënner Enric Mas iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer. No 21 Etappen huet den eenzegen am Peloton verbliwwene Lëtzebuerg déi 103. Plaz beluecht.
Den Enric Mas konnt sech scho virun der leschter Etapp iwwer d'Victoire vun der Gesamtwäertung freeën an huet dat op den éischte Kilometer och gemaach. Et goung lues lass - d'Coureuren haten an der éischter Stonn eréischt 24 Kilometer hannert sech bruecht. Dat war de fréie Feierlechkeeten am Peloton geschëlt. De Wout Van Aert huet mat 326 Punkten d'Kategorie vum beschte Sprinter gewonnen, de Santiago Buitrago hat virun der Etapp schonn den Tricot vum beschte Grimpeur sécher an och den Oscar Onley konnt seng éischt Positioun vum beschte Jonke verdeedegen.