Tour duerch Éisträich: 1. EtappTom Wirtgen klasséiert sech als 14. op 4 Sekonnen

RTL Lëtzebuerg
No 138 Kilometer huet sech um 2. Dag am Tour duerch Éisträich de Spuenier Carlos Barbero d'Victoire geséchert.
© pressphoto

Am Tour duerch Éisträich ass et op der 1. Etapp iwwer 138 Kilometer vu Grieskirchen op Freistadt gaangen. Um Enn konnt sech de Spuenier Carlos Barbero d’Victoire sécheren. Hien huet sech am Sprint virum Emils Liepins aus Lettland an dem Belsch Pieter Vanspeybrouck behaapt. Den Tom Wirtgen ass de 14. op 4 Sekonne ginn.

Am General läit elo den Emils Liepins a Féierung. Zweeten ass de Pieter Vanspeybrouck op 1 Sekonn. Den Tom Wirtgen ass de 5. op 6 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO