
An der Schlussphas vun der 17. Etapp waren den Tony Martin an de Luke Rowe unenee geroden. Den Däitschen hat de Brit bal vun der Strooss gedrängt. Duerno koum et zu enger Diskussioun an där de Rowe d’Hand géint de Martin gehuewen hat.
E Mëttwoch den Owend huet de Jury vum Tour matgedeelt, datt béid Coureure wéinst dem Sträit vun der Course ausgeschloss goufen. Donieft mussen de Martin an de Rowe eng Geldstrof vun 900 Euro bezuelen.
Béid Ekippen, Ineos a Jumbo-Visma, hu géint d’Decisioun Recours ugemellt. En Donneschdeg de Moie koum dunn d’Meldung, datt de Recours refuséiert gouf.
Den Tony Martin an de Luke Rowe hu sech nach e Mëttwoch an engem Video zu Wuert gemellt. Béid Coureuren hu bedauert, wat op der 17. Etapp geschitt ass a sech dofir entschëllegt. Si haten awer kee Versteesdemech fir d’Decisioun vun der Jury an hunn d’Strof als ze haart agestuuft.
