CyclissemUm Sonndeg hätt de Bim Diederich 100 Joer kritt

RTL Lëtzebuerg
Hien zielt zu de beschte Lëtzebuerger Coureure vun allen Zäiten.
Eng Foto aus dem Tour de Luxembourg 2008.
Eng Foto aus dem Tour de Luxembourg 2008.
© Roland Miny / pressphoto (Archiv)

Um Sonndeg hätt de Bim Diederich 100 Joer kritt. Ënnert anerem huet den “Duc de Grammont” 3 Etappen am Tour de France gewonnen an hat och dräi Deeg de Maillot Jaune un.

1949 huet hien och den Tour de Luxembourg fir sech entscheet. 1954 gouf hien nach eng Kéier den 11. am Tour de Luxembourg an huet duerno de Vëlo un der berüümten Nol gehaangen.

De Rich Simon huet mam Carlo Hastert iwwer dem Bim Diederich seng Karriär geschwat.

Bim Diederich / De Carlo Hastert am Interview

D’Liewe vum Bim Diederich

De Jean Diederich gëtt den 20. Februar 1922 zu Esch gebuer, schonn a jonke Joren entdeckt hie seng Passioun fir de Vëlossport a léiert de „Métier“ als Coureur vu klengem un duerch all Alterskategorie bei der UC Péiteng, wou hie vun 1937 u Member ass.

Mat 16 Joer schafft de Jean Diederich an der Apdikt Aulner zu Péiteng a verkeeft do nieft villen anere Medikamenter och een deemools bekanntest Potenzmëttel, am Volleksmond Joé Bim genannt.

Seng bescht Kollegen a Cliente leeden dorausser dem Jean säi Spëtznumm Bim of.

Dem Bim Diederich seng international Carrière als Coureur hëlt dann direkt nom Krich säi Laf. Dräimol noenee gëtt hien den 2. am Tour de Luxembourg, esou och 1946.

Dat Joer, 1947, gëtt de Bim Diederich Profi a fiert, nieft dem Jéng Kirchen an dem Jang Goldschmit och gläich den 1. Tour de France nom Krich mat. Als Beschte vun den dräi Lëtzebuerger kënnt hien um Enn zu Paräis als 15. am General un, mä den Ufank an der “grande boucle” war net esou einfach.

Nach dat selwecht Joer gëtt de Bim Diederich de 6. bei der WM, zwee Joer dono, 1949, gewënnt hien endlech och säin Tour de Luxembourg, no engem gellegen Exploit an der Wëltzer Etapp.

Vu 1950 bis 52 kënnt de Bim Diederich dann 3 Joer noeneen seng schéinste Stonnen am Tour de France mat jeeweils engem Etappen-Erfolleg, ugefaang 1950 an der Etapp Toulon – Menton, eng Victoire déi hie wéi di grouss Champione vun haut am Virfeld speziell preparéiert hat.

Als 18. kënnt de Bim dat Joer zu Paräis un, ier 1951 seng grouss Stonn zu Gand schléit, no engem Exploit am berühmte Mur de Grammont, dat him bis haut an der Belsch den Titel “Duc de Grammont” abruecht huet.

1951 ass och dem Bim Diederich säi bescht Joer am Tour, dräi Deeg laang dréit hien no senger Victoire zu Gand de maillot jaune a kënnt zu Paräis als 12. un, no engem weidere grousse Moment fir de Bim an de Pyrenäen.

Seng 3. Etapp am Tour gewënnt de Bim 1952 tëscht Roubaix an Namur ...

Fir déi 1. Arrivée vum Tour dat Joer op der Alpe d’Huez huet de Bim vill Pech a kënnt op der Alpe hors délai un.

Dogéint gewënnt de Bim Diederich dat Joer 52 den Tour de Lorraine ier hien 1954 mat 32 Joer senger aktiver Carrière een Enn sëtzt a säi Vëlos-Geschäft zu Péiteng opmécht.

Um Donneschdeg, 6. Dezember 2012 kuerz no Mëtteg ass de Bim Diederich am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO