Paris-RoubaixVan Baarle wënnt déi 119. Editioun aus der Echappée eraus

RTL Lëtzebuerg
Nodeem d'Dammen an d'Junioren hire Parcours hannert sech haten, hunn d'Häre sech op de Wee vu Compiègne op Roubaix iwwer 257,5 Kilometer gemaach.
Journal du Tour: Paris Roubaix
Den Dylan van Baarle konnt sech aus enger Echappée eraus d’Victoire sécheren. Bei de Juniore war et d’Victoire fir den Niels Michotte.

Eng grouss Echappée vun deels bis zu 17 Leit hat sech un der Spëtzt forméiert, fir ze probéieren, d’Victoire ausserhalb vum Peloton ze decidéieren. Ma den Tempo war grouss an ëmmer méi Leit sinn ewechgefall. Esou waren eng 50 Kilometer virun der Arrivée nach dräi Leit eleng un der Spëtzt, dat mat enger Avance vu ronn 50 Sekonnen op ee Coureur, dee probéiert hat um Pawee den Uschloss ze kréien a ronn eng Minutt op de Peloton.

Ma si sollten awer net zu Dräi un der Spëtzt bleiwen, den Dylan van Baarle hat sech e bëssen ofgesat an hat 10 Kilometer viru Schluss ronn 20 Sekonnen op seng al Begleeder, bal eng Minutt op eng weider Grupp vu Poursiuvanten an 100 Sekonnen op de Peloton. An de leschten 8 Kilometer gouf et dann eng Chutte vum Lampaert um Pavé, provozéiert duerch e Fan un der Säit. Duerch dës Chutte konnt hien net um Mann un der Spëtzt drubleiwen an och seng méiglech Podiumsplaz war domadder fort.

Den Dylan van Baarle huet seng Avance ausgebaut a konnt sech dës Victoire no enger längerer Solo-Faart un der Spëtzt sécheren. 1 Minutt a 47 Sekonne méi spéit konnt sech den Wout van Aert déi zweete Plaz an de Stefan Küng déi drëtte Plaz an engem Sprint sécheren.

De Lëtzebuerger Alex Kirsch ass d’Course net op en Enn gefuer.

RTL-News: Paris-Roubaix: Lëtzebuerger Niels Michotte setzt sech bei der U19 duerch

D’Top 10

© Screenshot

Back to Top
CIM LOGO