Den Tour des Flandres ass eng vun de prestigiéiste Vëloscourssen am Kalenner. E Sonndeg goung et iwwer 273 km vun Antwerpen op Oudenaarde. Et war eng Course, déi vu villen Echappéeë gepräägt war.
30 Kilometer virun der Arrivée loung e 5er-Grupp ëm d’Favoritten Pogacar, van Baarle a van der Poel un der Spëtzt. An der virleschter Montée hunn de van Baarle, de Madouas an de Fred Wright musse lass loossen. De Pogagar an de van der Poel hu sech eng Kapp-u-Kapp-Course geliwwert an hunn d’Victoire ënnert sech ausgemaach. An der Schlussmontée um Paterberg konnt kee sech vun deem aneren ofsetzen.
Op de leschte puer Honnert Meter konnten d’Verfolger ronderëm de van Baarle a Madouas nees opschléissen an et koum zu engem Véierer-Sprint, deen de van der Poel fir sech decidéiere konnt. Den Hollänner van Baarle kënnt op déi zweet Plaz an de Fransous Valentin Madouas komplettéiert de Podium. Den Tadej Pogacar, deen eng éischt Kéier beim Tour des Flandres un de Start goung, koum op déi véiert Plaz.
De Kevin Geniets huet sech iwwer déi ganz Course gewisen a war vir mat derbäi. Um Schluss fiert hie mat engem Retard vun 1 Minutt an 11 Sekonnen iwwer d’Arrivée. De Bob Jungels hat e schwéieren Dag erwëscht a gëtt um Schluss de 56., virum Alex Kirsch, dee sech als 78. klasséiert. Den Tom Wirtgen ass d’Course net op en Enn gefuer.
Och bei den Damme gouf den Tour des Flandres gefuer, hei war et déi 19. Editioun. Bei dëser Course iwwer 158 km goung och d’Lëtzebuergerin Christine Majerus un de Start. D’Lëtzebuergerin ass eng gutt Course gefuer an huet vill Aarbecht fir d’Lotte Kopecky gemaach. Um Schluss kënnt d’Lëtzebuergerin op déi 15. Plaz.
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 6:18:30
2 VAN BAARLE Dylan INEOS Grenadiers ,,
3 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ ,,
4 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
5 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:02
6 TEUNS Dylan Bahrain - Victorious ,,
7 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious 0:11
8 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 0:48
9 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma ,,
10 KRISTOFF Alexander Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
...
37 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:11
56 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 7:44
78 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 8:50
DNF WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx 4:11:21
2 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
3 VAN DEN BROEK-BLAAK Chantal Team SD Worx 0:02
4 SIERRA Arlenis Movistar Team 0:40
5 REUSSER Marlen Team SD Worx ,,
6 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope ,,
7 BROWN Grace FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope ,,
8 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
9 CHAPMAN Brodie FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 0:42
10 BASTIANELLI Marta UAE Team ADQ 1:10
...
15 MAJERUS Christine Team SD Worx ,,