Avant papier vum Tour des FlandresVan der Poel, Van Aert an Alaphilippe heeschen d'Favoritten

Tom Flammang
Virun der 105. Editioun vum Tour des Flandres falen ëmmer nees dës dräi Nimm.
Avant papier vum Tour des Flandres
Van der Poel, Van Aert an Alaphilippe heeschen d’Favoritte virun der 105. Editioun vum Tour des Flandres

Allen dräi fueren offensiv a fäerten net fir scho fréi an der Course eng Entscheedung ze sichen. Dat war och d’lescht Joer de Fall, de franséische Weltmeeschter Alaphilippe war awer gefall a sou haten de Van der Poel an de Van Aert ëm d’Victoire gesprint. Ob den hollännesche Champion och muer gewënnt bleift ofzewaarden.
Deceunick Quick-Step ass mat Asgreen, Lamapert a Sénéchal gutt besat an huet och aner Coureuren déi d’Course kënne gewannen. Bei Ag2r-Citroën sti mam Van Avermaet an Naesen zwee Coureure mat vill Erfarung am Kader an och sie wäerte probéieren an der Finall eng Roll ze spillen.

Op jiddefalls kann een sech eng spannend an intensiv Course erwaarden. RTL ass vu 14.00 Auer u live mat dobäi.

5 Lëtzebuerger gi beim Tour des Flandres un den Depart

Back to Top
CIM LOGO