Boels Ladies TourVan Vleuten wënnt Prolog - Majerus kënnt op d'Plaz 8

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war den Optakt vun der 22. Editioun vum Boels Ladies Tour, dat mat engem Prolog iwwer 3,8 Kilometer ronderëm Sittard-Geleen.
© pressphoto Archiv

Um Enn war d’Hollännerin Annemiek van Vleuten vun der Ekipp Mitchelton-Scott déi Séierst. Si hat eng Avance vu 6 Sekonnen op d’Lisa Klein aus Däitschland a vu 7 Sekonnen op hir Landsfra Lucinda Brand. Aus Lëtzebuerger Siicht kënnt d’Christine Majerus op déi gutt 8. Plaz mat engem Retard vun 11 Sekonnen.

Elo stinn nach 5 Etappen um Programm an e Sonndeg gi mir da gewuer, wien dës Etappe-Course fir sech entscheede kann.

Resultat vun der 1. Etapp a General

1 van Vleuten Annemiek Mitchelton-Scott 5:04
2 Klein Lisa Canyon SRAM Racing 0:06
3 Brand Lucinda Team Sunweb 0:07
4 Paternoster Letizia Trek-Segafredo Women 0:09
5 Brennauer Lisa WNT-Rotor Pro Cycling ,,
6 van der Breggen Anna Boels - Dolmans Cycling Team ,,
7 Kirchmann Leah Team Sunweb 0:10
8 Majerus Christine Boels - Dolmans Cycling Team 0:11
9 Pieters Amy Boels - Dolmans Cycling Team ,,
10 Thomas Leah Bigla Pro Cycling ,,

Back to Top
CIM LOGO