
Den Tour-de-France-Vainqueur vun 2019 gouf schonns operéiert a soll op d’mannst 72 Stonnen op der Intensivstatioun bleiwen. Säin Zoustand wier stabil, sou d’Aussoe vu senger Ekipp Ineos.
Den Ament géif een drop waarden, dass d’Doktere mat der Broschtwierbel-Operatioun fäerdeg sinn. Dono géing et méi Informatioune ginn.