
Fir d’Coureuren huet et op dem séiere Parcours vun der 6. Etapp geheescht, sech bäizemaachen, wann een dann an enger Echappé ëm d’Dagesvictoire mat wollt fueren. Fréi goufen et nämlech eng ganz Rëtsch un Attacken an am Peloton hannendru hu fréi Leit misse lassloossen.
25 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée waren am Ganzen nach eng 23 Coureure vir am Coup. Wéi schonn um Dag virdrun war de Morten Hulgaard och en Dënschdeg nees vir mat dobäi. Hien huet sech mam Haller aus der Echappé eraus duerch d’Bascht gemaach, konnt sech duerno awer ënnert reenerege Wiederkonditiounen ofsetzen a vir eleng ewechfueren.
Um Enn ass dem Coureur aus Dänemark dann awer bëssen d’Loft ausgaangen, 1 Kilometer virun der Arrivée ass hien ageholl ginn a mam Ausgang vun der Etapp hat hien dunn näischt méi ze dinn. De Stefan Bissegger war schlussendlech dee Stäerksten a konnt sech d’Victoire sécheren, dat virum Kaden Groves an dem Matteo Jorgenson. Den Giovanni Aleotti koum op déi 14. Plaz mat engem Retard vu 46 Sekonnen an iwwerhëlt domat de Giele Maillot.
De Michel Ries koum en Dënschdeg als 24. mat engem Retard vun 2 Minutten a 37 Sekonnen un a war domat de beschte Lëtzebuerger. Den Arthur Kluckers kënnt op d’Plaz 76 mat engem Retard vun 19 Minutten an 1 Sekonn. De Maxime Weyrich gëtt den 113. op 25 Minutten a 44 Sekonnen. De Cédric Pries an de Colin Heiderscheid hunn opginn.
Am General verbessert sech de Michel Ries op d’Plaz 24 an huet elo ee Retard vu 4 Minutten a 54 Sekonnen. Hei läit den Arthur Kluckers op der 57. Plaz op 25 Minutten a 6 Sekonnen an de Maxime Weyrich ass den 119. op 1 Stonn, 7 Minutten an 18 Sekonnen.
1 Stefan BISSEGGER (Schwäiz)
2 Kaden GROVES (Australien)
3 Matteo JORGENSON (USA) 1"
4 Tobias BAYER (Éisträich)
5 Jonas RUTSCH (Däitschland) 3"
6 Ilan VAN WILDER (Belsch)
7 Samuele BATTISTELLA (Italien) 11"
8 Tobias S. FOSS (Norwegen)
9 Morten HULGAARD (Dänemark) 23"
10 Urko BERRADE (Spuenien)
1 ALEOTTI Giovanni Italien
2 FOSS Tobias S. Norwegen 05'’
3 LÜSCHER Damian Schwäiz 18'’
4 BISSEGGER Stefan Schwäiz 26'’
5 BATTISTELLA Samuele Italien 30'’
6 JORGENSON Mattéo USA 34'’
7 PIDCOCK Thomas Groussbritannien 43'’
8 RUTSCH Jonas Däitschland 57'’
9 VAN WILDER Ilan Belsch 01'00'’
10 VANSEVENANT Mauri Belsch 01'20'’