Cyclocross-WeltcupVictoire fir d'Ceylin Alvarado zu Zonhoven, Marie Schreiber gëtt 21.

Jeff Birsens
D'Ceylin del Carmen Alvarado huet zu Zonhoven déi erfuere Lucinda Brand hannert sech gelooss, déi déi lescht sechs Coursse hannertenee gewonnen hat.
© AFP Archivbild

Bei der 9. Manche vum Cyclocross-Weltcup am belschen Zonhoven gouf et e Sonndeg e komplett hollännesche Podium. No 51:33 Minutten ass d’Ceylin del Carmen Alvarado als Éischt op der Arrivée ukomm, dat 23 Sekonne virun der Lucinda Brand an 49 Sekonne virun der Puck Pieterse. Bescht Lëtzebuergerin war op dësem Dag nees d’Marie Schreiber, fir déi mat engem Retard vu 4:59 Minutten déi 21. Plaz erausgesprongen ass. D’Maité Barthels ass op déi 51. Plaz komm, d’Layla Barthels op déi 53. an d’Liv Wenzel ass d’Course net op en Enn gefuer.

Bei der Course vun der Hären Elite ass d’Victoire un de Mathieu van der Poel gaangen. Den Hollänner huet sech mat engem Ecart vu 45 Sekonne viru sengem Landsmann Tibor del Grosso duerchgesat. Mat engem Retard vun 1:03 Minutt war déi drëtt Plaz fir den Emiel Verstrynge aus der Belsch.

Weider geet et mat der 10. Manche zu Benidorm den 18. Januar.

Back to Top
CIM LOGO