Étoile de BessègesVictoire fir de Benjamin Thomas

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung déi 5. an domat leschten Etapp vun der 52. Editioun vun der Étoile de Bessèges um Programm.
© AFP

Hei ass et fir d’Coureuren am Zäitfueren iwwer 10,64 Kilometer duerch d’Stroosse vun Alès gaangen. Um Enn war den Italiener Filippo Ganna mat enger Zäit vu 15 Minutten an 32 Sekonnen de Séiersten a konnt sech d’Etappevictoire sécheren. Hien hat 6 Sekonne Virsprong op de Mads Pedersen a 9 Sekonnen op de Benjamin Thomas. Den Alex Kirsch ass iwwerdeems mat engem Retard vun 58 Sekonnen den 38. ginn, wärend den Tom Paquet den 110. an de Luc Wirtgen den 114. ginn ass.

Am Generalklassement konnt de Fransous Benjamin Thomas seng 1. Plaz verdeedegen a gewënnt domat déi 52. Editioun vun der Étoile de Bessèges virum Alberto Bettiol. Beschte Lëtzebuerger am General ass de Luc Wirtgen op der 23. Plaz. Den Alex Kirsch ass den 90. ginn, wärend et fir den Tom Paquet um Enn déi 107. Plaz ass.

D’Top 10

1 GANNA Filippo 0:15:32
2 PEDERSEN Mads 0:06
3 THOMAS Benjamin 0:09
4 MOLLEMA Bauke 0:11
5 GUERNALEC Thibault 0:17
6 BETTIOL Alberto 0:18
7 LATOUR PIERRE 0:19
8 VINE Jay 0:21
9 ULISSI Diego 0:22
10 TIBERI Antonio 0:23
...
38 KIRSCH Alex 0:58
110 PAQUET Tom 1:58
114 WIRTGEN Luc 2:06

De General

1 THOMAS Benjamin 14:39:32
2 BETTIOL Alberto 0:16
3 JOHANNESSEN Tobias Halland 0:32
4 LATOUR Pierre 0:35
5 BURGAUDEAU Mathieu 1:02
6 ULISSI Diego 1:09
7 SWIFT Connor 1:13
8 GUERNALEC Thibault 1:22
9 SKUJINŠ Toms 1:48
10 PACHER Quentin 1:56
...
23 WIRTGEN Luc 6:01
90 KIRSCH Alex 21:35
107 PAQUET Tom 27:31

Back to Top
CIM LOGO