
Um Samschdeg goung et fir d’Coureuren am Kader vun der 20. a soumat zweetleschter Etapp vun der Vuelta a Spuenien iwwer 202,2 Kilometer vu Sanxenxo op Mos. Castro de Herville. Insgesamt stoung ënnert anerem ee Bierg vun der 1. Kategorie an 3 vun der 2. Kategorie, wouvun och een d’Arrivée war, um Programm.
Uewen um Castro de Herville gouf et um Enn eng Victoire vum Fransous Clément Champoussin, deen um Enn 6 Sekonnen Avance op de Roglic hat.
Aus Lëtzebuerger Sicht koumen de Kevin Geniets an den Alex Kirsch op déi 104. respektiv 105. Positioun mat engem Réckstand vun iwwer 34 Minutten.
Am General konnt de Slowen Primoz Roglic seng Féierung duerch seng 2. Plaz verdeedegen. Hie kann um Sonndeg soumat déi 3. Kéier noeneen d’Vuelta gewannen.
Hei ass de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets de 89. op 3 Stonnen a 49 Minutten, den Alex Kirsch ass hei den 120. op 4 Stonnen a 45 Minutten.
Um Sonndeg steet dann a Form vun engem Zäitfueren déi leschten Etapp um Programm.
| 1 | AG2R Citroën Team | 5:21:50 | |||
| 2 | Team Jumbo-Visma | 0:06 | |||
| 3 | INEOS Grenadiers | 0:08 | |||
| 4 | Movistar Team | ,, | |||
| 5 | Bahrain - Victorious | 0:12 | |||
| 6 | Team DSM | 0:16 | |||
| 7 | Euskaltel - Euskadi | 0:23 | |||
| 8 | UAE-Team Emirates | 0:26 | |||
| 9 | Bahrain - Victorious | ,, | |||
| 10 | Alpecin-Fenix | 0:50 |
| 104 | Groupama - FDJ | 34:17 | |||
| 105 | Trek - Segafredo | ,, |
| 1 | Team Jumbo-Visma | 83:11:27 | ||||
| 2 | Movistar Team | 2:38 | ||||
| 3 | Bahrain - Victorious | 4:48 | ||||
| 4 | INEOS Grenadiers | 5:48 | ||||
| 5 | Bahrain - Victorious | 8:14 | ||||
| 6 | INEOS Grenadiers | 11:38 | ||||
| 7 | Team Jumbo-Visma | 13:42 | ||||
| 8 | Cofidis, Solutions Crédits | 16:11 | ||||
| 9 | UAE-Team Emirates | 16:19 | ||||
| 10 | BORA - hansgrohe | 20:30 |
| 89 | Groupama - FDJ | 3:49:34 |
| 120 | Trek - Segafredo | 4:45:53 |