Cyclocross zu MolVictoire fir de Mathieu van der Poel, d'Wantersaison fir de Wout van Aert no Chute eriwwer

Ted Koob
De Belsch war am Schnéi gefall, hat nach probéiert weiderzefueren, huet méi spéit awer missen opginn. De van der Poel war nees net ze schloen.
© LUC CLAESSEN/BELGA/AFP

Aacht Mol ass de Mathieu van der Poel dës Saison bei engem Cyclocross un den den Depart gaangen, 8 Mol huet hie gewonnen. Beim Zilvermeercross zu Mol an der Belsch goung den Hollänner fréi a Féierung. No enger Chute koum de Belsch Wout van Aert awer erun a béid Cyclisten hu sech eng flotte Course geliwwert. Méi spéit an der Course ass de van Aert awer gefall an huet missen opginn. De van der Poel konnt dovu profitéieren an ass als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer. Op déi zweet an déi drëtt Plaz koumen de Belsch Toon Aerts an de Spuenier Felipe Llort Orts mat engem Retard vun enger Minutt an 23 Sekonne respektiv enger Minutt an 41 Sekonnen.

Cyclocross-Saison fir de van Aert eriwwer

Wéi seng Ekipp Team Visma|Lease a Bike um Freideg Owend matgedeelt huet, huet de Wout van Aert sech bei senger Chute e liichte Broch um Enkel zougezunn. Hie soll um Samschdeg operéiert ginn. D’Wantersaison ass fir de van Aert domadder gelaf.

Back to Top
CIM LOGO