
Um Samschdeg stoung d’Strade Bianchi iwwer 184 Kilometer vu Siena op Siena an Italien um Programm. Aus Lëtzebuerger Sicht waren de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets an de Jan Petelin mat um Depart. An enger Course, wou et ëmmer erëm Attacke gouf, war et bei knapp 50 Kilometer virun der Arrivée, wou sech ee Grupp vun 8 Coureure mat de Favoritten ofsetze konnt. Ënnert anerem waren de Julian Alaphilippe, den Tadej Pogacar, den Egan Bernal, de Mathieu van der Poel an de Wout van Aert an dëser Spëtzegrupp vertrueden.
D’Victoire sollt dann och tëscht dëse Spëtzefuerer verginn ginn. Nodeems de Mathieu van der Poel um leschte Passage attackéiert hat, konnte just den Egan Bernal an de Julian Alaphilippe mathalen. 3 Kilometer virum wäisse Stréch war et op en Neits den Hollänner, deen attackéiert hat. Dës Kéier konnten och seng zwee Verfolger net méi matgoen, a sou konnt se de van der Poel d’Victoire sécheren. Zweete gouf de Weltmeeschter Julian Alaphilippe, déi drëtte Plaz war fir den Egan Bernal.
Aus Lëtzebuerger Sicht konnt de Kevin Geniets seng gutt Form op en Neits ënnersträichen. De Lëtzebuerger Champion koum um Enn mat engem Réckstand vu 4 an enger hallwer Minutt op déi gutt 16. Plaz.
De Jan Petelin war d’Course net op en Enn gefuer.
| 1 | Mathieu van der Poel | 4h 40' 29'’ | |
| 2 | Julian Alaphilippe | 4h 40' 34'’ | |
| 3 | Egan Bernal | 4h 40' 49'’ | |
| 4 | Wout van Aert | 4h 41' 20'’ | |
| 5 | Tom Pidcock | 4h 41' 23'’ | |
| 6 | Michael Gogl | 4h 41' 23'’ | |
| 7 | Tadej Pogacar | 4h 41' 23'’ | |
| 8 | Simon Clarke | 4h 42' 54'’ | |
| 9 | Jakob Fuglsang | 4h 42' 54'’ | |
| 10 | Pello Bilbao | 4h 43' 08'’ |
Bei den Damme goung et ewell moies iwwer 136 Kilometer vu Siena op Siena. Um Enn gouf et eng Victoire fir d’Chantal van den Broek-Blaak. Kuerz virun der Arrivée konnt d’Hollännerin déi entscheedend Attack géint d’Italienerin Elisa Longo-Borghini setzen, déi um Enn ee Retard vu 7 Sekonnen hat. Drëtt gouf d’Weltmeeschterin Anna van der Breggen virum Annemiek van Vleuten, alle béid och aus Holland.