
Op der 3. a leschter Etapp goung et iwwer 125 km vun Izernore op Lélex Monts-Jura. Op dëser schwéierer Etapp gouf et 5 Bierger ze iwwerwannen.
Um Enn war den Australier Micheal Storer (Team DSM) de stäerksten a wënnt mat engem Virsprong vun 43 Sekonnen op den Andrea Bagioli (Deceuninck - Quick-Step). Drëtten gouf den Dän Mattias Skjelmose (Trek - Segafredo) mam nämmlechte Retard. Mat engem Retard vun 1 Minutt an 43 Sekonnen gëtt de Michel Ries de gudden 21. an de Jempy Drucker gëtt de 94. mat engem Réckstand vun 21 Minutten an 29 Sekonnen.
23 km virun der Arrivée konnt sech de Michael Storer vu senge Konkurrenten ofsetzen, huet sech e Virsprong op seng Verfolger erausgefuer an huet sech och net méi anhuele gelooss. De Georg Zimmermann huet missen am leschte Bierg lass loossen a konnt esou seng Féierung am General net verdeedegen.
Mat dëser Victoire konnt sech de Michael Storer och d’Victoire am General sécheren. Mat 55 Sekonnen Retard kënnt den Harm Vanhoucke (Lotto-Soudal) op déi 2. Plaz virum Matteo Badilatti (Groupama - FDJ) aus der Schwäiz deen e Réckstand vun 1 Minutt an 1 Sekonn huet.
Am General gëtt de Michel Ries mat engem Retard vun 3 Minutten an 23 Sekonnen den 23. an de Jempy Drucker gëtt op 38 Minutten an 31 Sekonnen de 86..
1 STORER Michael Team DSM 3:02:46
2 BAGIOLI Andrea Deceuninck - Quick Step 0:43
3 SKJELMOSE JENSEN Mattias Trek - Segafredo
4 VANHOUCKE Harm Lotto Soudal
5 BADILATTI Matteo Groupama - FDJ 0:45
6 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team
7 BOUET Maxime Team Arkéa Samsic 1:23
8 LE GAC Olivier Groupama - FDJ
9 KRON Andreas Lotto Soudal
10 STRAKHOV Dmitry Gazprom - RusVelo
21 RIES Michel Trek - Segafredo 1:23
94 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits 21:29
1 STORER Michael Team DSM 9:13:09
2 VANHOUCKE Harm Lotto Soudal 0:55
3 BADILATTI Matteo Groupama - FDJ 1:01
4 BAGIOLI Andrea Deceuninck - Quick Step 1:15
5 SKJELMOSE JENSEN Mattias Trek - Segafredo 1:17
6 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team 1:23
7 ZIMMERMANN Georg Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 1:29
8 ROCHAS Rémy Cofidis, Solutions Crédits 1:39
9 STEINHAUSER Georg Germany 1:46
10 DÍAZ José Manuel DELKO 1:57
23 RIES Michel Trek - Segafredo 3:23
86 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits 38:31