Paris-Nice: 7. EtappVictoire fir de Primoz Roglic um Col de Turini

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et iwwer 155 Kilometer vun Nice erop op de Col de Turini gaangen. Ee Bierg vun der 2. an ee vun der 1. Kategorie waren ze fueren.
© AFP

Primoz Roglic heescht de Gewënner vun der siwenter Etapp vu Paris-Nice. Domat baut hie seng Avance am Klassement op de Simon Yates op 47 Sekonnen aus. De Roglic war an der Schlussmontée mam Nairo Quintana, dem Simon Yates an dem Daniel Felipe Martinez an enger Grupp a konnt sech op de leschte puer honnert Meter vu senge Kontrahenten ofsetzen.

Den Daniel Martinez fiert als Zweeten an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer d'Arrivée, de Simon Yates kënnt als Drëtte mat engem Retard vun zwou Sekonnen an d'Zil. Den Nairo Quintana als Véierten (+ 9 Sekonnen) an de Joao Almeida (+ 11 Sekonnen) komplettéieren d'Top5.

Den Alex Kirsch koum op der zweetleschter Etapp vu Paräis op Nice op déi 26. Plaz mat engem Retard vu 7 Minutten an 30 Sekonnen op de Gewënner. Am General ass hien elo de 27. op iwwer 19 Minutten. De Kevin Geniets konnt e Samschdeg net méi un den Depart goen. Virum Depart war e Schëld op hie gefall an dobäi huet sech de Lëtzebuerger Champion blesséiert.

Paris-Nice: 7. Etapp
Victoire fir de Primoz Roglic um Col de Turini. De Kevin Geniets konnt e Samschdeg net méi un den Depart goen.

D'Klassement vun der Etapp

1. Primož Roglič  JUMBO-VISMA 04h 02' 47"
2. Daniel Felipe Martinez  INEOS GRENADIERS + 00' 00"
3. Simon Philip Yates  TEAM BIKEEXCHANGE-JAYCO + 00' 02"
4. Nairo Quintana  TEAM ARKEA - SAMSIC + 00' 09"
5. Joao Pedro Gonçalves Almeida  UAE TEAM EMIRATES + 00' 11"
6. Brandon Mcnulty  UAE TEAM EMIRATES + 00' 25"
7. Jack Haig  BAHRAIN VICTORIOUS + 00' 27"
8. Adam Yates  INEOS GRENADIERS + 00' 29"
9. Guillaume Martin  COFIDIS + 00' 44"
10. Wouter Poels  BAHRAIN VICTORIOUS + 00' 56"
...
26. Alex Kirsch TREK-SEGAFREDO +7' 30''

De General

1. Primož Roglič  JUMBO - VISMA  26h 26' 11"
2. Simon Philip Yates  TEAM BIKEEXCHANGE-JAYCO + 00' 47"
3. Daniel Felipe Martinez  INEOS GRENADIERS + 01' 00"
4. Adam Yates INEOS GRENADIERS + 01' 50"
5. Nairo Quintana  TEAM ARKEA - SAMSIC  + 02' 04"
6. Jack Haig  BAHRAIN VICTORIOUS + 02' 12"
7. Aleksandr Vlasov BORA - HANSGROHE + 02' 22"
8. Pierre Latour TOTALENERGIES + 02' 56"
9. Ion Izaguirre Insausti COFIDIS + 03' 13"
10. Joao Pedro Gonçalves Almeida UAE TEAM EMIRATES + 03' 29"
...
27. Alex Kirsch TREK-SEGAFREDO +19' 23''

Back to Top
CIM LOGO