
No enger schwéierer Biergetapp um Samschdeg, stoung um Sonndeg nees eng schwéier Biergetapp um Programm an där et iwwer 197,5 km vun Navalmoral de la Mata op El Barraco gaangen ass. Et gouf 2 Bierger vun der 1. Kategorie, 1 vun der 2. Kategorie an 1 vun der 3. Kategorie ze iwwerwannen.
Um Enn vun konnt sech de Pol Rafael Majka (UAE) duerchsetzen nodeems en 80 km laang eleng un der Spëtzt ënnerwee war. Zweeten gëtt de Steven Kruijswijk (Jumbo-Visma) mat engem Retard vun 1 Minutt an 27 Sekonnen. Drëtten gëtt de Chris Hamilton (DSM). Den Alex Kirsch kënnt mat engem Retard vun 23 Minutten a 4 Sekonnen als 88. op d’Arrivée. De Kevin Geniets gëtt den 116. op 29 Minutten an 2 Sekonnen.
Am General bleift den Odd Christian Eiking éischten mat engem Virsprong vun 54 Sekonnen op de Guillaume Martin. Drëtten ass weiderhin de Primoz Roglic. Hei läit de Kevin Geniets op der 101. Plaz an den Alex Kirsch ass den 139..
1 MAJKA Rafał UAE-Team Emirates 4:51:36
2 KRUIJSWIJK Steven Team Jumbo-Visma 1:27
3 HAMILTON Chris Team DSM 2:19
4 YATES Adam INEOS Grenadiers 2:42
5 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 2:57
6 EIKING Odd Christian Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux
7 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe
8 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 10
9 DE LA CRUZ David UAE-Team Emirates
10 MAS Enric Movistar Team
88 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 23:04
116 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 29:02
1 EIKING Odd Christian Interm.-Wanty-Gobert Matériaux 59:57:50
2 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 0:54
3 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 1:36
4 MAS Enric Movistar Team 2:11
5 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 3:04
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:35
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:21
8 YATES Adam INEOS Grenadiers 4:34
9 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 4:59
10 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 5:31
101 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:14:10
139 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 2:52:52