D’Emma Norsgaard huet e Samschdeg déi éischten Etapp vum Festival Elsy Jacobs gewonnen. Déi dänesch Championne geet haut am Maillot Jaune vum Leader un den Depart. D’Christine Majerus ass nach ëmmer gutt an der Course.
Zwee Mol schonns konnt d’Christine Majerus d’Etapp zu Stengefort fir sech entscheeden. E Samschdeg ass et awer net duergaangen. Op 2 Sekonne kënnt d’Lëtzebuerger Championne no enger ganz nervöser Final um Schlusscircuit op déi ganz gutt 6. Plaz. Eng ganz Partie vu Coureuren hunn um selektive Parcours mussen opginn. Dat war awer net de Fall fir d’Nina Berton. Déi jonk Lëtzebuergerin ass eng couragéiert Course gefuer a kënnt um Enn op déi 85. Plaz mat engem Retard vu bal 7 Minutten.
Am General gouf et ee Wiessel. D’Emma Norsgaard huet elo eng Avance vu 4 Sekonnen op d’Leah Kirchmann. D’Christine Majerus ass op der 9. Plaz mat 11 Sekonne Retard. E Sonndeg ginn et nees 10 Sekonne Bonifikatioun fir déi éischte Plaz. Fir d’Plazen 2 an 3 ginn et nach 6 respektiv 4 Sekonnen. An dëser Course ass also nach alles dran. Um Enn kéint just eng Sekonn den Ausschlag ginn, wien de Festival Elsy Jacobs gewënnt a wien 2. gëtt.
D’Christine Majerus ass jiddwerfalls nach an der Course, fir um Enn um Podium ze stoen: “Wann een d’Etapp spillt, da spillt een och automatesch den General. Et muss een einfach kucke fir d´Etapp ze maachen, da kennt och ee ganz gudde General dobäi eraus. Ech mengen et ass nach een Tick méi selektiv. De Garnecher Circuit ass méi kuerz an d´Schwieregkeete komme méi séier hannerteneen. Villäicht ass eng Echappée ugesot. Mir hunn zwou gutt Grimpeusen an der Ekipp. Et wär villäicht interessant dat auszespillen.”
E Sonndeg ass den Depart an d´Arrivée zu Garnech. No enger Boucle vu gutt 60 Kilometer gëtt nach 5 Mol de Circuit vu knapps 9 Kilometer gefuer. D’Arrivée ass no 105 Kilometer géint véierel fir 5.
D’Course kënnt dir nees am Livestream op RTL.lu suivéieren.
1 NORSGAARD Emma Movistar Team 25 30 3:14:06
2 CONFALONIERI Maria Giulia Ceratizit-WNT Pro Cycling 20 18 ,,
3 KIRCHMANN Leah Team DSM 15 12 0:02
4 CHABBEY Elise Canyon SRAM Racing 12 7 ,,
5 LABOUS Juliette Team DSM 10 4 ,,
6 MAJERUS Christine SD Worx 8 3 ,,
7 SWINKELS Karlijn Team Jumbo-Visma Women 6 2 ,,
8 WINDER Ruth Trek-Segafredo Women 4 1 ,,
9 MARKUS Riejanne Team Jumbo-Visma Women ,,
10 ROOIJAKKERS Pauliena Liv Racing ,,