Giro d'Italia: 18. EtappVictoire fir den Alberto Bettiol, Egan Bernal weiderhin a Rosa

RTL Lëtzebuerg
Op der 18. Etapp konnt sech den Italiener Alberto Bettiol en solitaire géint de Simone Consonni duerchsetzen.

No enger schwiereger Etapp um Mëttwoch stoungen en Donneschdeg 231 Kilometer vu Rovereto op Stradella mat 600 Héichtemeter um Programm. Als Éischten ass den Alberto Bettiol iwwert de wäisse Stréch gefuer, Zweete gouf de Simone Consonni mat engem Retard vu 17 Sekonnen. Déi 3. Plaz goung un den Nicolas Roche mat där selwechter Zäit.

Am General bleift un der Spëtzt alles beim Alen. Den Egan Bernal konnt säi Virsprong vun 2 Minutten an 21 Sekonnen op den Damiano Caruso halen. Drëtten am Generalklassement ass de Simon Yates mat 3 Minutten an 23 Sekonne Retard op den Egan.

D’Top 10 vun der Etapp

1 BETTIOL Alberto EF Education - Nippo 5:14:43
2 CONSONNI Simone Cofidis, Solutions Crédits 0:17
3 ROCHE Nicolas Team DSM ,,
4 ARNDT Nikias Team DSM ,,
5 ULISSI Diego UAE-Team Emirates ,,
6 BATTISTELLA Samuele Astana - Premier Tech ,,
7 ZANA Filippo Bardiani-CSF-Faizanè ,,
8 TESFATSION Natnael Androni Giocattoli - Sidermec ,,
9 CAVAGNA Rémi Deceuninck - Quick Step 0:24
10 MOSCA Jacopo Trek - Segafredo 1:12

D’Top 10 vum General

1 1 - BERNAL Egan INEOS Grenadiers 77:10:18
2 2 - CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:21
3 3 - YATES Simon Team BikeExchange 3:23
4 4 - VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 6:03
5 5 - CARTHY Hugh EF Education - Nippo 6:09
6 6 - BARDET Romain Team DSM 6:31
7 7 - MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 7:17
8 8 - ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 8:45
9 9 - FOSS Tobias Team Jumbo-Visma 9:18
10 11 ▲1 MARTIN Dan Israel Start-Up Nation 13:37

Quiz

Back to Top
CIM LOGO