Tour de France - 8. EtappVictoire fir den Dylan Teuns, Pogacar iwwerhëlt de giele Maillot

RTL Lëtzebuerg
Den Dylan Teuns setzt sech aus enger Echappée eraus duerch, den Tadej Pogacar séchert sech no enger excellenter Prestatioun de giele Maillot.
Tour de France - 8. Etapp
Bei der éischter Alpen-Etapp konnt sech den Dylan Teuns d’Victoire sécheren, den Tadej Pogacar ass no enger excellenter Prestatioun den neie Leader am General.

Um Samschdeg stounge bei der 108. Editioun vum Tour de France 150,8 Kilometer um Programm, hei goung et vun Oyonnax op Le Grand-Bornard. Op enger schwiereger Etapp, der éischter richteger Biergetapp vum Tour vun dësem Joer mat ënnert anerem dem Col de la Colombière war de Peloton relativ fréi ausernee gefuer. Nieft dem Geraint Thomas war och de Primoz Roglic fréi zréckgefall a si hate soumat Näischt mam Ausgang vun der Etapp ze dinn.

Bei reenerege Wiederkonditioune konnt sech ee Spëtzegrupp mat ënnert anerem dem Nairo Quintana an dem Sören Kragh Andersen ofsetzen. Aus dësem Grupp war et de Michael Woods, dee sech eleng un d’Spëtzt setze konnt.

Ronn 30,5 Kilometer virun der Arrivée gouf am Peloton am Col de Romme attackéiert. Bei de Favoritte war et den Tadej Pogacar, dee sech mat enger secker Attack geléist hat a seng Ambitiounen op de giele Maillot ënnersträiche konnt.

Stéck fir Stéck konnt de Vainqueur vum leschte Joer säi Réckstand op den Dylan Teuns un der Spëtzt verklengeren, deen de Woods am Col de la Colombière iwwerhuele konnt. Trotz enger ganz iwwerzeegender Leeschtung vum Pogacar konnt den Dylan Teuns seng Avance an der leschter Descente verdeedegen a sech sou d’Etappevictoire virum Izagirre sécheren.

Am General iwwerhëlt de Pogacar duerch säin excellenten Exploit an der 4. Plaz de giele Maillot an huet do 1 Minutt an 48 Sekonnen Avance op de Wout van Aert. Drëtten ass elo den Alexey Lutsenko, deen awer ewell 4 Minutten an 38 Sekonne Réckstand huet.

Top 10 vun der Etapp

1 TEUNS Dylan Bahrain - Victorious 3:54:41
2 IZAGIRRE Ion Astana - Premier Tech 0:44
3 WOODS Michael Israel Start-Up Nation 0:47
4 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:49
5 POELS Wout Bahrain - Victorious 2:33
6 YATES Simon Team BikeExchange 2:43
7 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 3:03
8 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits ,,
9 CATTANEO Mattia Deceuninck - Quick Step 4:07
10 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 4:09

De General

1 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 25 29:38:25
2 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 1:48
3 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 4:38
4 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 4:46
5 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 5:00
6 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 5:01
7 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 5:13
8 MAS Enric Movistar Team 5:15
9 GAUDU David Groupama - FDJ 5:52
10 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 6:41

Back to Top
CIM LOGO