En Donneschdeg war am Critérium du Dauphiné déi 5. Etapp. No 183 Kilometer huet sech op der Arrivée zu Mâcon de Britt Jake Stewart virum Fransous Axel Laurance an dem Norweger Soren Waerenskjold duerchgesat. Mat engem Retard vun 22 Sekonnen hannert dem Peloton ass de Michel Ries als 65. ukomm. De Leader Remco Evenepoel hat am leschte Kilometer eng kleng Chute, huet sech dobäi awer net gréisser blesséiert.
Am General bleift de Belsch weider mat véier Sekonnen Ecart op de Florian Lipowitz am Giele Maillot. Neien Drëtten ass de Mathieu van der Poel mat engem Retard vu 14 Sekonnen. De Michel Ries klëmmt ëm 12 Plazen a steet elo op der 85. Plaz, dat mat engem Réckstand vun 9:01 Minutten.
65. RIES Michel 0:22
85. RIES Michel 9:01