Le SamynVictoire fir Matteo Trentin an Emma Norsgaard

RTL Lëtzebuerg
Béid Coureuren hu sech en Dënschdeg beim Semi-Klassiker am Sprint duerchgesat.
© AFP

De Matteo Trentin huet en Dënschdeg de Semi-Klassiker Le Samyn an der Belsch gewonnen. Den Italiener huet sech no 209 Kilometer vu Quaregnon op Dour am Sprint aus engem klenge Grupp eraus duerchgesat. 2. ass de Fransous Hugo Hofstetter ginn an Drëtten de Belsch Dries de Bondt.
Als beschte Lëtzebuerger hat den Arthur Kluckers op Plaz 70 ee Retard vun 2 Minutten an 39 Sekonnen. Den Alex Kirsch gouf den 83. Den Tom Wirtgen klasséiert sech als 102. De Colin Heiderscheid ass d‘Course net op en Enn gefuer.

Resultat vun den Hären

1 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates 125 75 4:49:29
2 HOFSTETTER Hugo Team Arkéa Samsic ,,
3 DE BONDT Dries Alpecin-Fenix ,,
4 DEWULF Stan AG2R Citroën Team ,,
5 VLIEGEN Loïc Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
6 CAMPENAERTS Victor Lotto Soudal ,,
7 VAN GESTEL Dries TotalEnergies ,,
8 VAN LERBERGHE Bert Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
9 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team 0:04
10 DE LIE Arnaud Lotto Soudal ,,
...
70 KLUCKERS Arthur Leopard Pro Cycling 2:39
83 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 6:14
102 WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB 8:05

Emma Norsgaard wënnt bei den Dammen

Bei den Dammen huet sech d’Emma Norsgaard no knapp 100 Kilometer am Sprint duerchgesat. Op de Plazen 2 an 3 sinn d’Italienerinnen Chiara Consonni a Vittoria Guazzini iwwert d’Arrivée gefuer.

Mam Nina Berton war och eng Lëtzebuergerin um Depart. Si ass déi 92. op 4 Minutte a 25 Sekonne ginn.

Resultat vun den Dammen

1 NORSGAARD Emma Movistar Team 125 80 2:36:17
2 CONSONNI Chiara Valcar - Travel & Service ,,
3 GUAZZINI Vittoria FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope ,,
4 ANDERSEN Susanne Uno-X Pro Cycling Team ,,
5 COPPONI Clara FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope ,,
6 VAN ‘T GELOOF Marjolein Le Col - Wahoo ,,
7 VAN ANROOIJ Shirin Trek - Segafredo ,,
8 BARNES Alice Canyon//SRAM Racing ,,
9 BOSSUYT Shari Canyon//SRAM Racing ,,
10 TOMASI Laura UAE Team ADQ ,,
...
92 BERTON Nina Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch 4:25

Back to Top
CIM LOGO