Flèche WallonneVictoire op der Mur de Huy fir de Marc Hirschi

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goung et beim Klassiker Flèche Wallonne iwwer 202 Kilometer vun Herve op d'Mur de Huy.
Victoire op der Mur de Huy fir de Marc Hirschi
E Mëttwoch goung et beim Klassiker Flèche Wallonne iwwer 202 Kilometer vun Herve op d’Mur de Huy.

De jonke Schwäizer konnt sech um Enn am Sprint aus dem Peloton eraus am de biergop duerchsetzen, dat virum Benoît Cosnefroy an dem Michael Woods.

© AFP (Archiv)

Mam Bob Jungels an dem Michel Ries waren och zwee Lëtzebuerger um Depart. De Jungels ass um Enn de 70. op eng Minutt a 54 Sekonne ginn. De Michel Ries ass als 88. op 4 Minutten a 14 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer.
E Mëttwoch war et dann och nach d’Nouvelle, dass d’Amstel Gold Race an Holland wéinst dem Coronavirus dëst Joer net gefuer gëtt.

De Resumé vun der Course

Mam Mauri Vansevenant (Deceuninck - Quick - Step), Aaron Van Poucke (Sport Vlaanderen-Baloise), Mathijs Paasschens (Bingoal WB) a Marlon Gaillard (Total Direct Énergie) konnte sech 4 Coureure fréi vum Peloton ofsetzen. Si haten eng maximal Avance vun iwwer 6 Minutten. 80 Kilometer virun der Arrivée hunn dunn nach zwee weider Coureuren aus dem Peloton ugegraff, dat waren den Ide Schelling an den Alessandro de Marchi.

50 Kilometer virun der Arrivée huet d’Avance vum Spëtzegrupp dunn awer ugefaangen, drastesch ze falen. “0 Kilometer virun der Arrivée war du just nach 1 Mann vir un der Spëtzt iwwreg. De Mauri Vansevenant hat zu dësem Zäitpunkt nach eng Avance vu knapp enger Minutt op de Peloton.

Dono ass och am Peloton Onrou opkomm, ëmmer nees koumen Attacken, ënnert anerem vum Rui Faria da Costa oder och dem Rigoberto Uran.

Den Uran an de Vansevenant goufen dunn awer ronn 1,5 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ageholl. Ugefouert vum Jan Polanc goung et dunn an d’Mur de Huy eran. An hei war de Marc Hirschi dee Stäerksten, de jonke Schwäizer konnt sech am Sprint biergop duerchsetzen.

Mam Bob Jungels an dem Michel Ries waren och zwee Lëtzebuerger um Depart. De Jungels ass um Enn de 70. op eng Minutt a 54 Sekonne ginn. De Michel Ries ass als 88. op 4 Minutten a 14 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer.

Top 10

1 MARC HIRSCHI 61 TEAM SUNWEB
2 BENOIT COSNEFROY 93 AG2R LA MONDIALE
3 MICHAEL WOODS 167 EF PRO CYCLING
4 WARREN BARGUIL 241 TEAM ARKEA - SAMSIC
5 DANIEL MARTIN 221 ISRAEL START-UP NATION
6 MICHAL KWIATKOWSKI 121 INEOS GRENADIERS
7 PATRICK KONRAD 44 BORA - HANSGROHE + 00h 00' 05'’
8 RICHIE PORTE 51 TREK - SEGAFREDO + 00h 00' 05'’
9 TADEJ POGACAR 21 UAE TEAM EMIRATES + 00h 00' 05'’
10 SIMON GESCHKE 151 CCC TEAM + 00h 00' 10'’

6. Victoire fir d’Anna van der Breggen bei den Dammen

E Mëttwoch war déi 23. Editioun vun der Flèche Wallonne am Damme-Cyclissem. Scho fir déi 6. Kéier konnt sech d’Anna van der Breggen uewen aus op der Mur de Huy d’Victoire sécheren.

Back to Top
CIM LOGO