Benelux Tour: 6. EtappVictoire vum Sonny Colbrelli als Solist
Domat iwwerhëlt den Italiener och d'Féierung am General. De Jempy Drucker koum um Enn op déi 124. Plaz.
Um Samschdeg stoung déi 6. a soumat zweetleschten Etapp vum Benelux Tour um Programm. Hei goung et iwwer 207,6 Kilometer vun Ottignies-Louvain-la-Neuve op Houffalize.
Um Enn gouf et eng Victoire vum italienesche Champion Sonny Colbrelli, dee sech als Solist duerchsetze konnt. Zweete gouf de Matej Mohoric mat engem Réckstand vu 24 Sekonnen. De Jempy Drucker gouf aus Lëtzebuerger Sicht den 124. op iwwer 20 Minutten.
Am General iwwerhëlt den Italiener duerch dës Victoire och de Maillot vum neie Leader.
Hei ass de Jempy Drucker aktuell de 94. mat engem Réckstand vu bal 28 Minutten an 30 Sekonnen.
D’Top10
| 1 | | Bahrain - Victorious | | | 4:55:27 |
| 2 | | Bahrain - Victorious | | | 0:24 |
| 3 | | Trek - Segafredo | | | ,, |
| 4 | | Team DSM | | | ,, |
| 5 | | Team Qhubeka NextHash | | | ,, |
| 6 | | Lotto Soudal | | | ,, |
| 7 | | UAE-Team Emirates | | | ,, |
| 8 | | Team Jumbo-Visma | | | ,, |
| 9 | | Team DSM | | | 1:02 |
| 10 | | Alpecin-Fenix | | | ,, |
De General