
Den Tim Wellens vun Lotto Soudal huet déi 4. Etapp vum Binck-Bank-Tour an der Belsch knapp virum Marc Hirschi a Laurens de Plus gewonnen an ass elo neien Leader am General.
D’Etapp goung iwwer 96,2 Kilometer ronderëm Houffalize.
Beschte Lëtzebuerger gouf de Kevin Geniets. Hien koum op déi 22. Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt an 33 Sekonnen.
Den Bob Jungels, Jempy Drucker an Alex Kirsch kommen op Plazen 46, 78 an 147.
Am General ass den Kevin Geniets elo den 32. mat engem Retard vun 4 Minutten an 28 Sekonnen op den Tim Wellens. Bob Jungels, Alex Kirsch am Jempy Drucker stinn op de Plaze 42, 71 an 109.
