CyclocrossVirbereedunge fir d'Course zu Munneref

Tom Flammang
Hei am Land gëtt an der Wantersaison quasi all Weekend e Cyclocross gefuer.
Wantersaison am Cyclocross
Hei am Land gëtt an der Wantersaison quasi all Weekend e Cyclocross gefuer. Dëse Weekend gëtt zu Munneref gefuer.

Dacks sinn et ëmmer nees déi selwecht Veräiner mat hire Benevollen, déi dës Coursen organiséieren. Zu Munneref ass dat e Sonndeg nees de Fall, wou d’Vëlosfrënn mat hirer klenger Ekipp vill geschafft hunn, fir de Coureuren a Spectateuren e flotte Cross ze bidden. Den Tom Flammang huet hinne bei de Virbereedungen iwwer d’Schëller gekuckt.

E Samschdeg de Mëtteg géint 14 Auer zu Munneref. De Patrick Nockels a seng Ekipp vu Kolleegen aus dem Veräi bei de leschte Preparatioune fir e Sonndeg. De Gros vun der Aarbecht gouf schonn an de leschten Deeg gemaach. De ganze Projet op engem neie Site huet vill méi laang geräift.

Op deem 2,2 Kilometer laange Parcours gouf e Samschdeg de Mëtteg scho vill trainéiert. De Circuit ass séier a versprécht spannend Courssen. D’Ekipp huet sech vill Méi ginn och wann de President selwer de Vëlossport net an d’Wéi geluecht krut, mee fréier Bodybuilder war.

A jiddwer Kategorie, déi e Sonndeg fiert, gëtt et eng Primm, eppes wat dem Veräi besonnesch um Häerz läit.

E Sonndeg nom leschte Cross heescht et dann och nees alles ofrappen an de Site raumen. Dat alles nodeems de President och selwer seng 40 Minutte bei de Masters gefuer ass.

Back to Top
CIM LOGO