Tour de France 2019Virschau: Wie sinn déi grouss Favoritten op d'Schlussvictoire?

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass zu Bréissel de Grand Départ vum Tour de France. Den Tom Flammang mat engem Abléck an déi 106. Editioun.
TDF 2019: Wie sinn d'Favoritten op d'Schlussvictoire?
E Samschdeg ass zu Bréissel de Grand Départ vum Tour de France. Den Tom Flammang mat engem Abléck an déi 106. Editioun.

Nodeems Coureure wéi de Chris Froome an den Tom Dumoulin net derbäi sinn, gëtt sech iwwer déi 3 Wochen eng spannend Course erwaart. Matt wéineg Zäitfuer-Kilometer a ville Bierger ass et schwéier, e Pronostic ze maachen, wien um Enn am Maillot Jaune ass.

Et dierft eng interessant 106. Editioun vum Tour de France ginn. Mat relativ wéineg Zäitfueren an engem vun Ufank u wallonnéierte Parcours. Nodeems mat Roglic, Froome an Dumoulin 3 Coureuren aus dem Top 4 vum leschte Joer feelen an och keen Lëtzebuerger dobäi ass, dierfte vill Leit aus eisem Land gespaant op d’Ofschneide vum Jakob Fuglsang sinn. De Coureur vun Astana fiert mat 34 Joer seng bis elo stäerkste Saison a konnt e Joer nom Bob Jungels Léck-Baaschtnech-Léck gewannen, ier hie beim Dauphiné och bei der Generalprouf fir den Tour de France no 2017 eng 2. Kéier de Beschte war.

Och eis franséisch Nopere rechne sech mat Bardet a Pinot Chancen op e Podium aus a wäerte probéieren, an den éischten 2 Woche sou mann wéi méiglech Zäit ze verléieren, fir no de Pyrenäen an der ganz schwéierer leschter Woch duerch d’Alpen hir Qualitéiten am biergop auszespillen.

D’Ekipp Ineos geet mat enger duebeler Spëtzt an d’Course. De Gewënner vum leschte Joer Geraint Thomas deelt sech d’Kapitänsroll mam 22 Joer jonken Tour-de-Suisse-Gewënner Egan Bernal, deen opgrond vu senge Kapassitéiten den éischte kolumbianeschen Tour-Gewënner kéint ginn. Den anere Kolumbianer Nairo Quintana hëlt an der Ekipp Movistar un der Säit vu Valverde a Landa de 6. Ulaf, fir d’Course ze gewannen.

E Samschdeg si mir vu 15 Auer u live mat dobäi, wou et zu Bréissel fir d’Sprinter d’Méiglechkeet gëtt, beim Centenaire vum Maillot Jaune dësen Trikot dann och ze kréien.

Déi eenzel Etappe ginn op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO