
Éiert et an d’Bierger gaangen ass, wollten d’Sprinter sech nach eng Kéier weisen. Dowéinst huet d’Echappée vum Dag och misste géint d’Ekippe vun de Sprinter kämpfen, wat hinnen, wéi esou dacks, net gelongen ass. Um Pawee hat de Viviani déi beschte Been, ma och déi beschten Ausgangspositioun.
Aus der leschter Kéier koum hien un der Spëtzt vum Feld an all de Sprinter eraus a konnt sech dowéinst och zum Schluss duerchsetzen. Den aktuelle Leader am Generalklassement Peter Sagan war 1.500 Meter virun der Arrivée schlecht placéiert an huet, ganz op sech eleng gestallt, sech nach déi zweet Plaz erkämpft.
De Kevin Geniets koum mat der selwechter Zäit wéi de Gewënner zesumme mam Peloton an d’Zil. Am General klëmmt de Lëtzebuerger op déi 13. Plaz, mat 47 Sekonne Réckstand op de Peter Sagan.
1 Viviani Elia Deceuninck - Quick Step 4:18:26
2 Sagan Peter BORA - hansgrohe ,,
3 Stuyven Jasper Trek - Segafredo ,,
4 Trentin Matteo Mitchelton-Scott ,,
5 Matthews Michael Team Sunweb ,,
6 Kristoff Alexander UAE-Team Emirates ,,
7 Lienhard Fabian Switzerland,,
8 Dewulf Stan Lotto Soudal ,,
9 Janse van Rensburg Reinardt Team Dimension Data ,,
10 Bevin Patrick CCC Team ,,
1 Sagan Peter BORA - hansgrohe 10 15:55:48
2 Matthews Michael Team Sunweb 0:14
3 Asgreen Kasper Deceuninck - Quick Step 0:21
4 Dennis Rohan Bahrain Merida 0:22
5 Craddock Lawson EF Education First 0:27
6 Trentin Matteo Mitchelton-Scott 0:38
7 Konrad Patrick BORA - hansgrohe 0:39
8 Castroviejo Jonathan Team INEOS 0:40
9 Sánchez Luis León Astana Pro Team ,,
10 Anacona Winner Movistar Team ,,