A sou hu sech den Helder an de Victor e ganz speziellen Challenge gesat, fir iwwer Autismus ze sensibiliséieren a Suen fir d’"Fondation Autisme Luxembourg” ze sammelen.
Dofir fueren déi zwee vun Déifferdeng bis op Mondim de Basto a Portugal. Dat sinn iwwer 2000 Kilometer. Bis zu 150 wëllen Si pro Dag paken. Ganz wichteg bei dëser Tour wier d’Flexibilitéit.
Depart war um Samschdeg. D’Arrivée ass fir den 16. August geplangt.