
De Warren Barguil huet e Freideg déi 5. Etapp vun Tirreno-Adriatico gewonnen. De Fransous huet sech aus engem Spëtzegrupp eraus en solitaire mat enger Avance vun 10 Sekonne virum Xandro Meurisse aus der Belsch duerchgesat. Als Drëtten ass den Italiener Simone Velasco iwwert de wäisse Stréch gefuer.
Fir de Barguil ass et déi éischt Victoire an dëser Saison.
Den Tadej Pogacar ass um 5. Dag de 6. ginn op 28 Sekonnen. Hie bleift Leader am General, dat mat engem Virsprong vun 9 Sekonnen op de Belsch Remco Evenepoel.
De Bob Jungels hat e Freideg als 33. e Réckstand vun enger Minutt an 22 Sekonnen. Am General ass de Lëtzebuerger de 24. op zwou Minutten a 15 Sekonnen.
1 BARGUIL Warren Team Arkéa Samsic 3:39:53
2 MEURISSE Xandro Alpecin-Fenix 0:10
3 VELASCO Simone Astana Qazaqstan Team 0:14
4 OLIVEIRA Nelson Movistar Team 0:15
5 PORTE Richie INEOS Grenadiers 0:26
6 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:28
7 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ,,
8 MAS Enric Movistar Team ,,
9 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
10 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
...
33 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 1:22
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 10 18:17:08
2 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:09
3 ARENSMAN Thymen Team DSM 0:43
4 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:45
5 LÓPEZ Miguel Ángel Astana Qazaqstan Team 1:00
6 PORTE Richie INEOS Grenadiers ,,
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:02
8 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 1:06
9 MAS Enric Movistar Team 1:11
10 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 1:14
...
24 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 2:15