
E Mëttwoch hunn eng Partie Courssen ugefaangen, ënner anerem den Tour de Suisse. Op der éischter Etapp iwwer 144 Kilometer ronderëm Sondrio an Italien konnt sech den Tadej Pogacar behaapten. De Slowen hat 71 Kilometer virun der Arrivée attackéiert an hat um Enn eng Avance vun 2 Minutten an 13 Sekonnen op de Richard Carapaz. De Pogacar gëtt domadder och den éischte Leader am General.
Mat dobäi war och de Lëtzebuerger Arthur Kluckers. Hie koum mat engem Retard vun 21 Minutten an 11 Sekonnen op déi 94. Plaz.
Fir den Optakt vum Tour duerch d'Belsch gouf et no 187,9 Kilometer ronderëm Scherpenheuvel-Zichem eng Victoire am Sprint vum Biniam Girmay. Den Eritreeër gëtt och domadder Leader am General. De Lëtzebuerger Alex Kirsch gouf de 40.
Eng gutt éischt Etapp am Tour duerch d'Slowenien ass de Mats Wenzel gefuer. No 141,6 Kilometer vu Velejne op Rogaska Slatina koum de Coureur vun Equipo Kern Pharma op déi 10. Plaz, zäitgläich mam Gewënner Laurence Pithie, dee d'Féierung am General iwwerhëlt.