
Bei der éischter Editioun dat leschte Joer krut d’Gewënnerin grad emol 1.535 Euro. Dëst Joer huet d’ASO, den Organisateur vun der Course, d’Präisgeld awer ëm dat dräizéngfacht erhéicht op 20.000 Euro. Fir d’Christine Majerus ass et wichteg, datt de Stellewäert vum Dammecyclissem sech och an de Präisgelder erëmspigelt.
“Si sinn net déi eenzeg déi dëst Joer d’Präisser adaptéiert hunn. D’Courssen an der Belsch hunn dat och gemaach. Et ass de Moment, fir op den Zuch ze sprangen an als Organisateur ze weisen, datt d’Fraen-Evenement genau esou vill wäert ass wéi dat vun de Männer. Et ass dat Zeechen, wat een no bausse muss weisen, fir de jonke Meedercher ze weisen, datt den Dammesport genau esou vill wäert ass wéi den Häresport.”
Bei der Flèche Wallonne, déi e Mëttwoch gefuer gëtt, gouf d’Präisgeld bei den Dammen em dat 6,5-facht op elo 10.000 Euro erhéicht. Bei den Häre kritt de Gewënner 16.000 Euro.