Mëtt vum Joer huet den Alex Kirsch no 7 Joer bei Trek e Kontrakt bei Cofidis ënnerschriwwen. Den 33 Joer ale Proficyclist geet domadder nach eng Kéier en neie Challenge un. Bei der franséischer Ekipp ass hien als Kapitän de Route e wichtege Coureur fir d’Klassiker op Pawee virgesinn. Den Alex Kirsch soll awer nach eng ganz besonnesch Aufgab erfëllen.
An dat ass, e Sprinterzuch opzebauen. Mat séiere Leit ewéi Brian Coquard an Hugo Page soll virun allem déi nei belsch Sprinterhoffnung Milan Fretin Victoiren afueren. Als leschte Mann u senger Säit ass den Alex Kirsch virgesinn. Eng Aufgab, an där de Lëtzebuerger zu de Beschte vun der Welt zielt.
“Et ass natierlech e groussen Drock do, wann ee mam Mats Pedersen virun engem Klassiker steet, wou de Sponsor erwaart, dass ee gewënnt. Hei ass den Drock do, fir eppes Neies opzebauen. Et kann ee soen, dass Cofidis, mengen ech, en Neistart plangt mat engem jonke Sprinter an do meng Aarbecht dann eeben nach vill méi nieft dem Vëlo stattfënnt wéi um Vëlo.”
Bei de Klassiker op Pawee an och am Tour de France soll den Alex Kirsch awer och méi Fräiheete kréien, op seng eege Kap ze fueren. Wuel huet Cofidis e méi e klenge Budget ewéi Lidl-Trek, mä den Alex Kirsch ass optimistesch fir déi nei Saison. Enn 2025 ass d’Ekipp fir d’éischt zu Lille bei der Teampresentatioun zesummekomm, éier et an en Trainingslager zu Denia gaangen ass.
“Den éischten Androck ass natierlech ganz anescht wéi dat, wat ech gewinnt war. Dat huet mech e bëssen aus der Komfortzon bruecht, mee d’Integratioun war ganz einfach. Ech si frou, et ass ganz professionell an, jo, ech kann déi Saachen ëmsetzen, déi ech mer virgeholl hunn.”
Mat 33 Joer ass den Alex Kirsch um Héichpunkt vu senger Karriär. An nieft senge kierperleche Qualitéite wëll hie virun allem mat senger Experienz dësen neie Projet ënnerstëtzen. Dofir huet de fréiere Lëtzebuerger Champion fir dräi Joer ënnerschriwwen.
“Elo fir dräi Joer kann ech mech op dee Projet konzentréieren an och eng Relatioun mam Milan Fretin opbauen, dat alles zesumme war mer wichteg.”
Et ass deemno e Wiessel, dee Sënn mécht. An d’Hoffnung ass, dass den Alex Kirsch selwer mat enger Victoire fir seng grouss Verdéngschter am Vëlossport belount gëtt.