
Iwwer 202 Kilometer goung et vu Camaiore op Chiusdino. Déi beschte Been hat hei de Julian Alaphilippe, deen no 5 Stonnen, enger Minutt an 32 Sekonnen iwwert d’Zillinn gefuer ass. Zäitgläich mat him koumen ënner anerem de Mathieu van der Poel an de Wout van Aert als Zweeten an Drëtten un.
De Wout van Aert bleift dann domadder och am Generalklassement un der Spëtzt, 4 Sekonnen Avance op de Julian Alaphilippe an 8 op de Mathieu Van der Poel.
Aus Lëtzebuerger Siicht sinn de Jempy Drucker an de Kevin Geniets als 149. respektiv 156. iwwert d’Linn gefuer. Dat mat engem Grupp, dee 15 Minutten an 1 Sekonn Retard hat. Am Generalklassement läit de Kevin Geniets elo op der 129. Plaz mat engem Retard vu 15 Minutten a 15 Sekonnen, de Jempy Drucker ass den 141. mat engem Plus vu 17 Minutten a 16 Sekonnen.
1 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 3:36:17
2 EWAN Caleb Lotto Soudal ,,
3 GAVIRIA Fernando UAE-Team Emirates ,,
4 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team ,,
5 MEZGEC Luka Team BikeExchange ,,
6 MERLIER Tim Alpecin-Fenix ,,
7 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step ,,
8 BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,
9 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
10 HOFSTETTER Hugo Israel Start-Up Nation ,,
1 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 5:01:32
2 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix ,,
3 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma ,,
4 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates ,,
5 ARANBURU Alex Astana - Premier Tech ,,
6 STANNARD Robert Team BikeExchange ,,
7 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step ,,
8 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team ,,
9 WELLENS Tim Lotto Soudal ,,
10 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,