
De Wout van Aert fiert den d’Giro d’Italia net, dat huet de Coureur en Donneschdeg op X annoncéiert. De Belsch war Enn Mäerz beim Semi-Klassiker “À Travers la Flandre” gefall. An déi Chute war och de Lëtzebuerger Alex Kirsch verwéckelt.
De Wout van Aert hat sech ënnert anerem d’Schlësselbeen an e puer Rëpper gebrach.