Omloop Het NieuwsbladWout van Aert mat Victoire, gutt 15. Plaz fir den Alex Kirsch

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war déi 77. Editioun vun der Omloop Het Nieuwsblad, wou et bei den Häre a bei den Damme vu Gent bis op Ninove an der Belsch gaangen ass.
Omloop Het Nieuwsblad
Wout van Aert mat Victoire, gutt 15. Plaz fir den Alex Kirsch

Bei den Hären, déi iwwer ronn 204 Kilometer gefuer sinn, hat sech ganz fréi eng Echappée aus 11 Coureuren ofgesat, dorënner och de belsche Champion Wout van Aert, den Thomas Pidcock an de Florian Vermeersch. Ronn 20 Kilometer virun der Arrivée huet de Belsch Tiesj Benoot vun Jumbo-Visma aus der Echappée eraus ugegraff, vun deenen aneren 10 Coureuren ass allerdéngs kee matgaangen.

Ma 15 Kilometer viru Schluss gouf no der Echappée och nach de Benoot vum Peloton ageholl. Um Bosberg, wéi nach ronn 12 Kilometer ze fuere waren, konnt de Wout van Aert sech du mat engem staarken Untrëtt eng Avance vun ongeféier 10 Sekonnen op de Verfolgergrupp erausschaffen, an deem och de Lëtzebuerger Alex Kirsch war. 7 Kilometer viru Schluss waren et dunn 20 Sekonnen tëscht dem van Aert an dem Verfolgergrupp, de Peloton war zu deem Zäitpunkt mat engem Retard vu 50 Sekonnen schonn distanzéiert. Um Enn konnt de belsche Champion vun Jumbo-Visma dunn d’Victoire afueren, nodeems seng Avance nach bis op iwwer 30 Sekonne gewuess war.

D’Top 10 am Iwwerbléck

1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 4:50:28
2 COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious +0:22
3 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team ,,
4 NAESEN Oliver AG2R Citroën Team ,,
5 CAMPENAERTS Victor Lotto Soudal ,,
6 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team ,,
7 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates
8 PASQUALON Andrea Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 SÉNÉCHAL Florian Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
10 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo ,,
...
15 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +0:25

Dammen

Bei den Damme war et no 128 Kilometer d’Hollännerin Annemiek van Vleuten, dat sech knapps virum Demi Vollering duerchsetze konnt. Den hollännesche Podium gëtt komplettéiert vum Lorena Wiebes mat engem Retard vu 25 Sekonne.

D’Top 10 am Iwwerbléck

1 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 3:28:15
2 VOLLERING Demi Team SD Worx ,,
3 WIEBES Lorena +0:25
4 BALSAMO Elisa Trek - Segafredo ,,
5 COPPONI Clara FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope ,,
6 NORSGAARD Emma Movistar Team ,,
7 HENDERSON Anna Team Jumbo-Visma ,,
8 CONFALONIERI Maria Giulia Ceratizit-WNT Pro Cycling ,,
9 BASTIANELLI Marta UAE Team ADQ
10 LETH Julie Uno-X Pro Cycling Team

Back to Top
CIM LOGO