Tirreno-Adriatico: 1. EtappWout van Aert setzt sech am Massesprint duerch

RTL Lëtzebuerg
De Kevin Geniets ass an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner ukomm an de Jempy Drucker huet ronn 2 Minutte verluer.
© AFP (Archiv)

E Mëttwoch war den Optakt vun der Etappecourse Tirreno-Adriatico. Op der éischter Etapp ass et iwwer 156 Kilometer ronderëm Lido di Camaiore gaangen. Um Enn ass d’Decisioun am Massesprint gefall an do konnt sech de Wout van Aert behaapten. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Caleb Ewan an de Fernando Gaviria gefuer.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Kevin Geniets an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 128. iwwert de wäisse Stréch gefuer an de Jempy Drucker huet als 169. 2 Minutten an 1 Sekonn verluer.

D’Top 10 vun der Etapp

1 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 3:36:17
2 EWAN Caleb Lotto Soudal ,,
3 GAVIRIA Fernando UAE-Team Emirates ,,
4 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team ,,
5 MEZGEC Luka Team BikeExchange ,,
6 MERLIER Tim Alpecin-Fenix ,,
7 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step ,,
8 BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,
9 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
10 HOFSTETTER Hugo Israel Start-Up Nation ,,

De General

1 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 3:36:07
2 EWAN Caleb Lotto Soudal 0:04
3 GAVIRIA Fernando UAE-Team Emirates 0:06
4 VELASCO Simone Gazprom - RusVelo 0:07
5 BAIS Mattia Androni Giocattoli - Sidermec 0:08
6 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team 0:10
7 MEZGEC Luka Team BikeExchange ,,
8 MERLIER Tim Alpecin-Fenix ,,
9 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step ,,
10 BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,

Back to Top
CIM LOGO