Direkt e puer gréisser oder méi kleng Gruppen hate sech op de Wee gemaach, fir d’E3 eventuell virum Peloton ze gewannen. Un d’Spëtzt hat sech laang Zäit zwee Coureure vu Jumbo Visma ofgesat, datt mam Wout van Aert an den Christophe Laporte. Een Ament war hire Virsprong geschrumpft, ma well sech d’Coureuren hannendrun net eens gi sinn, konnt si sech nees op wäit iwwer eng Minutt ofsetzen.
Op de leschte Kilometer gouf et dowéinst keng Chance méi, déi zwee Coureuren un der Spëtzt anzefänken an esou gouf et en Doublé fir Jumbo Visma, Van Aert viru Laporte. Hannert hinne koum e Grupp vun 8 Leit iwwert d’Linn, bei deenen de Stefan Küng déi beschte Been hat, fir sech déi lescht Podiumsplaz ze sécheren.
1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 4:36:19
2 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma ,,
3 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 1:35
4 GIRMAY HAILU Biniam Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
5 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious ,,
6 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ ,,
7 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers ,,
8 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma ,,
9 VAN BAARLE Dylan INEOS Grenadiers ,,
10 ASGREEN Kasper Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
...
55 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 6:00
65 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 11:15
74 WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB 12:28
De Kevin Geniets ass d’Course net op en Enn gefuer.