Brugge - De PanneYves Lampaert wënnt Course, Jempy Drucker gëtt Fënneften

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf Bruges - De Panne gefuer, dat iwwer 202,6 Kilometer. Mat um Depart waren d'Lëtzebuerger Kevin Geniets, Luc Wirtgen a Jempy Drucker.
Cyclissem: Gudden Dag fir de Jempy Drucker.
De Lëtzebuerger hat e ganz gudden Dag erwëscht a koum um Enn op déi gutt 5. Plaz, 22 Sekonnen hannert dem Gewënner Yves Lampaert.

Wärend der Course gouf decidéiert, datt een 13,9 Kilometer manner géif fueren, wéi Ugangs geplangt war, dat wéinst dem staarke Wand. Esou waren et just 188,7 Kilometer, déi d’Sportler hi missten hannert sech bréngen.

De Lëtzebuerger Jempy Drucker hat sech mat enger gréisserer Echappée ofsetzen a konnt sech och doranner halen respektiv dran zeréckkämpfen. De Gewënner vun der Course Yves Lampaert hat sech eng 13 Kilometer aus dem Spëtzegrupp ofgesat an esou d’Etapp fir sech entscheet. De Jempy Drucker koum am Sprint ëm d’Éiereplazen op déi 5. Plaz.

De Resumé vun der Course

Direkt vum Start ewech hat sech eng Grupp vun 22 Coureuren, dorënner och de Lëtzebuerger Jempy Drucker, ofgesat, dat bei staarkem Säitewand. De Coureur vu Bora-Hansgrohe war zesumme mam Mathieu van der Poel, John Degenkolb a Stefan Küng an Echappée. Vun de Favoritten haten de Caleb Ewan, Michal Kwiatkowski a Sonny Colbrelli d’Course schonn am Ufank opginn.

Fir d’Echappée hat et eng 60 Kilometer viru Schluss net gutt ausgesinn, well si just nach 20 Sekonnen Virsprong haten. Ma si konnten awer hire Virsprong nees op iwwer 1 Minutt ausbauen an haten 25 Kilometer virun der Arrivée nach 35 Sekonnen op eng zweet Grupp an iwwer 90 Sekonnen op de Peloton. De Jempy Drucker war zu deem Ament nach ëmmer mat an der Spëtzt dobäi, obwuel dëse Grupp scho méi kleng gi war.

Eng 16 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng schwéier Chutte am Spëtzegrupp. De Van der Poel ass de Rampli erofgefall, wéi hie probéiert huet, sech lénks laanscht déi aner Coureuren ze drécken. De Spëtzegrupp ass dunn och ausernee gebrach, den Drucker hat mat véier aneren den Uschloss verpasst. De Lëtzebuerger war nach eng Kéier op 5 Meter erukomm, konnt awer net méi opschléissen, dat 13 Kilometer virun der Arrivée.

© AFP

7 Kilometer virun der Arrivée huet sech am dem Spëtzegrupp mat 9 Leit den Yves Lampaert ofgesat, woubäi keen hie kontere konnt. Dat huet dofir gesuergt, datt am Spëtzegrupp den Tempo erofgaangen ass an de Jempy Drucker nees bäikomme konnt. De Lampert konnt esou mat enger klenger Avance dës Course fir sech entscheet, dat viru sengem Teamkolleeg Declercq, deen nach e puer Sekonnen Avance op de Rescht vun der Echappée hat. Do konnt sech de Merlier virum Degenkolb an Drucker duerchsetzen, a sech esou déi drëtte Podiumsplaz sécheren.

D’Top10

© Screenshot RTL

Den Yves Lampaert koum mat enger Zäit vun 3 Stonnen, 57 Minutten an 12 Sekonnen iwwert d’Arrivée. Den Tim Declercq gouf mat 21 Sekonne Retard opgelëscht, d’Plazen 3 bis 9 haten e Retard vun 22 Sekonnen an de Jonas Rickaert hat der 28. De Kevin Geniets an de Luc Wirtgen sinn d’Course net op en Enn gefuer.

Brugge - De Panne war déi lescht World Tour Eendagescourse vun dëser Saison.

Back to Top
CIM LOGO