
Et ass dann och déi éischte Course op der Strooss an engem neien Dress. Den Haaptsponsor huet nämlech gewiesselt. Aus Boels-Dolmans ass elo SD Worx ginn. Um Haaptzil huet sech awer näischt geännert.
“D’Ziler vun der Ekipp si wéi all Joer déi selwecht. Esou vill wéi méiglech Coursse mat esou vill wéi méiglech Coureuren ze gewannen. Well mir elo mat SD Worx ee belsche Sponsor hunn, ginn déi belsch Klassiker nach een Tick méi wichteg. Mir hoffen am Fréijoer bei all Courssen Coureure vir bäi ze hunn a fir ëm d’Victoire ze fueren. Fir de Recht hu mir eis am Grimpeur-Beräich mat neie Coureure verstäerkt. Bei Coursse wéi dem Giro oder den Ardennenklassiker hu mir méi Leit wéi just d’Anna van der Breggen, wat eventuell ka fir d’Victoire matfueren. Do si mir elo méi breet opgestallt. Mir wäerten d’Faarwe vun SD Worx méi oft gesinn wéi dat an de leschte Joren de Fall war.”
Wéi schonns déi Jore virdrun ass d’Christine Majerus och nees Cyclocross gefuer. Déi leschte Course war d’Weltmeeschterschaft zu Oostende, wou eng gutt 10. Plaz erausgesprongen ass. Duerno war eng Woch Paus an dunn ass et mat der Ekipp an de Stage a Spuenien gaangen.
“Mir haten do perfekt Konditiounen, fir ze trainéieren. Ech hunn do manner intensiv geschafft wéi déi aner, well ech virdrun intensiv am Cross gefuer sinn, sinn ech méi Ausdauer gefuer. Ech sinn aus deem Stage gutt erauskomm an ech hu mech dës Woch och bei der Reconnaissance gutt gespuert. Mir si prett fir déi éischt Course.” E Samschdeg steet elo déi éischte Course um Programm. Dat leschte Joer koum d’Christine Majerus beim “Omloop Het Nieuwsblad” op déi 19. Plaz.
Nieft den Damme fueren awer och d’Hären: Hei sinn aus Lëtzebuerger Siicht de Jempy Drucker, den Alex Kirsch, de Kevin Geniets an den Tom Wirtgen mat dobäi. An dës Course iwwerdroe mir vu 14 Auer u live op der Tëlee.