
Betraff ass de Fernando Gaviria vun der Ekipp UAE Emirates. De Sprinter ass asymptomatesch, et ass awer dem Gaviria säin zweete positive Covid-Test dëst Joer, nodeems hie schonn am Mäerz positiv op de Virus getest gi war. Och bei enger Persoun aus dem Staff vun AG2R La Mondiale gouf de Virus festgestallt. Am Ganze goufe 492 Tester gemaach.
Nodeems et leschte Méindeg 8 positiv Fäll gouf, waren d’Tester an der leschter Woch all negativ.
